top of page

Zesummen an der Natur sinn

mam Stephanie an mam Michel

Mir sinn Eltere vun zwee Bëschzwergen die mat Leif a Séil an de Schëfflenger Bësch an d'Crèche ginn.
Die Kreativitéit, die Sie an der Natur kennen entwéckele faszinéiert eis Dag fir Dag. 

Mir wunnen op engem fréiere Bauerenhaff, Zesumme mat eise Schof, eisem Pony, Kanéngchen an den Hingern.
Eist Doheem grenzt un de schéine Mëttendall wou vill flott Abenteuer op'd Kanner waarden.

Mat der Iddi Atelier'n fir Kanner unzebiede wëlle mir de Kanner tëschent 4-6 Joer nieft der Schoul eng Méiglechkeet ginn zesumme mat Gläichgesënnten d'Natur an deene verschiddene Joereszäiten ze erliewen. 
Mir wëllen hiert Selbstvertraue stäerken an virun allem dem Zesumme sinn an der Gemeinschaft als eppes Flottes begéinen.

Mir hunn verschidde Kannergruppen am Benevolat begleet an freeën eis immens dat Liichten an den Aen der Kanner ze gesi wann mir mat hinnen zesumme sinn. 

Eng Formatioun am Beräich Naturpädagogik erméiglecht eist Wëssen de Kanner zilgeriicht weider ze gin.

bottom of page