top of page
AutorenbildNaturatelier

Eise Kleeschen, den Nikolaus…


„Eise Kleeschen, den Nikolaus setzt ganz eleng a sengem Haus. Séier deet hien sech seng Jackett un, wëll de Wanter ass et kal an do fréiert ee scho bal.

Och seng Mitra déi hellt hie mat, op all Schratt a Tratt. So trëppelt hien an de Schnéi eraus, eise Kleeeschen de flotten Nikolaus.

Mam Schlitt saust hien de Bierg erof, oh Papp, do fällt seng Mitra him glat vum Kapp.

Meng léif Kannet wat soll hien elo maachen? Et erwaarden hien dach all mat sengen Saachen…“


Esou hunn d‘Kanner sich op d‘Sich no der Mitra vum Kleesche gemaach.



Statioun 1: Kaweechelcher

D‘Kaweechelcher hunn iech hire Stiwwel opgestallt fir dass dir hinne Fudder kënnt sichen. Sie freeën sech immens op Chrëschtdag. Kéint dir hinnen de Beemche och dekoréiere?



Statioun 2: Wichtelen

Meng kleng Wiichtelchen hunn och eng Iddi wou den Hutt kéint sinn. Dir musst hinnen awer fir d'éischt 3 kleng Rätsel léisen. Sie beschreiwen dréi Saachen an dir musst errode wat.



Statioun 3: Déieren

Meng Deiere gi kal wärend si op mech waarden. Kennt dir hinne w.e.g. eng schéin Hitt bauen. Duerno ginn ech iech e weideren Hiweis wou dir mäin Hutt kennt fannen.



Statioun 4: Lidd

Ech sinn esou traureg wéinst menger Mitra. Kéint dir mir w.e.g. e schéint Lidd sangen?



Statioun 5: Engelcher

D'Engelcher am Himmel hëllefe mir ëmmer ganz vill. Villäicht hunn sie nach eng Iddi wou den Hutt kéint sinn? Wann dir hinnen e schéinen Engel aus Naturmaterialie leet hëllefen sie iech bestëmmt weider.



Ohhhh, opgepasst do fir am Wee glitzert a blénkt et, dat kéint Mitra sinn?



Tatsächlech, dat ass se. An de Kleeschen hat als Merci och nach eng Kleng Iwwerraschung an engem Verstéck hannerlooss. Wat fir eng Freed fir déi kleng houfreg Zwergen.



Iddi an Ëmsetzung Copyright vum Naturatelier Sarl-S











81 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen

Comments


bottom of page