top of page

Oktober ass Kürbiszäit


Wärend eiser Geschicht vum "gléckleche Kürbis" hunn mir geleiert dat nëmmen die allerschéinst Kürbissen wärend der Recolte am Hierscht vun de Kanner geschnëtzt däerfe ginn. E klengen Zwerg war awer an der Nuecht erbäikommen an huet all die Kürbissen am Bongert verstoppt. Dofir hunn d'Kanner fir d'éischt missen hire Kürbis fannen.



Duerno hunn mir wonnerschéi Kürbisse mat Kaweechelchen, Kéiseker a grujeleg Gesiichter gezaubert. Dekoréiert goufe sie dann och nach mat der Buermaschinn a mat ganz vill Punaissen.

An eiser Geschicht huet de "gléckleche Kürbis" de Leit Freed gemaach wien hie mat engem Liicht am Bauch op der Gaardenmauer stoung. Genausou wie den Eltere vun de Kanner zu deene Kürbissen hunn däerfe plënneren.



Dofir haten sech die kleng Butzen eng Belounung verdéngt a mir hunn am Lagerfeier die Kürbiskären aus eise Kürbisse mat Rohrohrzocker geréischtert. Hmmmm...dat war lekker...

Gläichzäiteg hunn mir awer och nach e puer Saachen iwwert Famill vum Kürbis, säi verschiddene Formen a Faarwen, seng Hierkonft, a villes mäi geleiert.









47 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page