top of page

Op Äppeltour am Bongert


Den Apel war den Thema vun eisen éischten béiden Atelier'en am September.

Mir starten ëmmer an engem klengen Sitzkrees ronderëm eist Feierplaz wou mir eis all kenneleieren. Een, zwee, dréi haut ass den Apel un der Rei.



D'Kanner waren houfreg am Bongert déi verschidden Uebstbeem ze entdecken an ze identifizéieren. Natierlech hunn mir och all dat Uebst eng Kéier missen schmaachen.

Mat enger laanger Teleskopstang hunn déi Kleng als "Team" Äppel vun de Beem gefëscht mat deenen mir duerno Äppelviz konnten kelteren.



Gemittlech hunn mir am Schied vum Äppelbam eng Geschicht gelies a vun den verschiddenen Joreszäiten, den de Bam erlieft, gedreemt.

Am Frigo goufen zwou Wochen d'Äppelkäre keime gelooss an all Kand konnt esou säi klengen Äppelbam planzen a mat heem huelen.

Doheem gëtt hien elo op der Fënsterbänk gefleegt a wiest hoffentlech bis zum Fréijoer, wou en dann an de Gaart kann plënneren.



Gezaubert gouf och well et kann een den Apel net nëmmen frupsen mee och als Stempel benotzen.






124 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page